06.02.2015
Live-Album fir de 70. Gebuertstag vum Bob Marley.
De Bob Marley wär haut, de 06.02.2015, 70 Joer al gin. Seng Famill verëffentlecht aus dësem Grond en Live-Album. De Reggae-Musiker aus Jamaika ass den 11. Mäi 1981 un Kriibs verstuerwen. Zu senge bekannteste Lidder zielen "Redemption Song", "Get Up Stand Up" an "I Shot The Sheriff".
Fir de 70. Gebuertsdag ass ganz Jamaika elo eng Marley-Zone: Mega-Open-Air-Concert zu Kingston, vill kleng Jam-Sessions, an e One-Love-Fußball-Match.
E gratis Concert ze lauschteren gëtt et dann och de 07.02.215 am Stream iwwer Internet - Méi Infoen op www.bobmarley.com
05/02/2015
Kylie Minogue steet am Mëttelpunkt an dem neien Song a Video „Right Here, Right Now“ vum Giorgio Moroder.
Fir säin nächsten Album den am Fréijoer soll eraus kommen hëlt sech den italienesche Produzent Giorgio Moroder
bekannt Musekerinnen mat an d'Boot. Nieft Sia, Britney Spears an Charli XCX schafft hien och mam Kylie Minogue
zesummen.Dobäi ass och dat Lidd „Right Here, Right Now“ entstanen, zu dem elo e Video erauskomm ass. Och
mam Lady Gaga huet den Giordio Moroder e Lidd enregistréiert dat awer fir en Disk vun der Sängerin geduecht
ass. “Vläicht kann ech hat jo dovun iwwerzeegen een Song zu mengen Album bäizesteieren", wënscht sech den Moroder. “Dat wär wonnerbar!”
radio diddeleng=Radio Dudelange=Radio Diddeleng=radio dudelange=103.6 FM
musique 24/24, votre radio, äre Radio, rock, blues, rock'n roll, jazz, agenda, culture, Kultur, hit, hits, lëtzebuerger Musek, Musek, funk, pop, Musique populaire, Fado, top musique, dance mix, Radiodiddeleng, Radio Dudelange, radiodudelange, fréquence modulée, 103.6 FM, votre radio préférée, dance floor, hip hop, rap, DJ mixe, Dj mixes, dj, la radio à la musique de tous les goûts