D' So vum Maneki - Neko

Eng vun deene meescht verbreedsten a bekanntsten Iwwerliwwerungen vun dëser So vum Maneki Neko ass déi iwwer den Tempel Gotokuji. Si staamt aus der Zäit ufanks der Edo Ära aus dem 17. Joerhonnert. Deemools gouf et zu Setagaya, ëstlech vun Tokyo en Tempel. Den Tempel war verwarloost fir net ze soen et war scho bal eng Ruin.

 

Mee, an deem Tempel huet e Pater mat senger Katz Tama gelieft. Hei aans do, wann de Pater traureg war huet en dem Tama säi Leed geklot: “Tama, du bleifs bei mir egal wéi arem ech och ëmmer sinn. Awer, mengs de net du kéints vläicht eppes fir den Tempel maachen ?”

 

Enges Daags, war de Gutshär Naotaka aus dem Distrikt Hikone an der Géigend vum Tempel. Hien huet de wäite Wee aus dem Westen bis an den Osten vu Japan bei Tokyo ëmmer gemaach wann en op d’ Juegd goung. Deen Dag do, huet et awer um Réckwee därmoossen gereent, dass en sech ënnert dem Bam vis à vis vum Tempel, Schutz virum staarke Reen gesicht huet.

 

Wéi en do stoung, gesäit den Naotaka eng Katz virum Tempel sëtzen. Der Katz hir Mimik an hir Gestik huet geschéngt wéi wann se hien wéilt an den Tempel era wénken. Den Naotaka ass dem Wénk vun der Katz an den Tempel gefollegt. Zu sengem grousse Gléck, well dee Bam ënnert deem hie Schutz gesicht hat, gouf vum Blëtz getraff. Den Här Naotaka huet säi Liewen also dëser Katz ze verdanken an dat war keng aner wéi d’Tama aus dem Tempel.

 

Duerch dëse Schicksalsschlag ass eng enk, scho bal familiär Bezéiung tëscht dem Pater an dem Gutshär Naotaka entstanen. En deklaréiert den delabréierten Tempel zu sengem Familie Tempel. Si änneren den Numm vum Tempel. Säit deem heescht en Gotokuji Tempel. De Clan Li ënnerstëtzt an ënnerhält den Tempel an domat ass e berühmt ginn a virum Ruin bewaart bliwwen.