Brokkoli:

"Komesch, ech gesinn aus wéi e Bam."

Pilz:

"An ech gesinn aus wéi e Prabbeli."

Walnoss :

"Wow, ech gesinn aus wéi e Gehir."

Banann :

"Kënne mer d’Thema w.e.g. wiesselen."



Weider Eer op der Säit

 

Freet de Mann am Restaurant

de Garçon, sot emol spillen är Museker

och op Wonsch ?

         - Jo, sécher äntwert de Garçon !

 

De Mann :

« Hei, ech ginn eng Tournée an der sot der

hinnen si sollen « Belote » spillen » !

richteg geschitt ...

 

Et ass schonn interessant, wéi d'Leit an deene verschiddene Sprooche vun der Welt de Klang vum Hond sengem Gebills beschreiwen.

 

Fir den Amerikaner mécht den Hond Woof Woof,

an Däitschland Wau Wau,

an Tschechien Haff Haff,

an Holland Blaf Blaf

an a China Bruzzel Bruzzel !


De Poopst ass fir seng Visite um Findel ukomm a säi Chauffeur sollt e bei de Bëschof féieren. Wéi d’Wallissen all am Auto verstaut waren huet de Chauffeur gemierkt, dass de Pontifex nach ëmmer net am Auto géif sëtzen:"Entschëllegt gnädeg Hellegkeet, mee géif et Iech eppes ausmaachen Plaatz ze huelen, dass mer fort kommen?

"De Poopst sot: "Éierlech, ech däerf am Vatikan jo ni Auto fueren an ech géif esou gär och eemol selwer fueren, géif der mech net wëlle fuere loossen?"

De Chauffeur: "Et deet mer schrecklech leed, mee dat geet wierklech net, stellt Iech fir et rennt een an eis, da verléieren ech mäin Job, wann Iech Eppes geschitt.

De Poopst: "Ech géif iech selbstverständlech awer och ganz gutt bezuelen." "Mmh, duecht de Chauffeur, vläit dach net esou schlecht!", an e setzt sech hannen an d'Limousine.

De Poopst hëlt hannert dem Steier Plaatz a braust mat vollem Karacho lass. Wéi se mat 150 kmh iwwer de Boulevard

d ’Avranche gedonnert sinn, huet de Chauffeur seng Decisioun bereit: "W.e.g Hellegkeet, ëm Gottes Wëllen fuert dach e bëssche méi lues!" Knapps gesot, schonn haulen d’Sireene hannen drun an de Chauffeur hannen am Auto baangt ëm säi Führerschäin. De Poopst bleift stoen, de Polizist kënnt bei den Auto, werft e kuerze Bléck op de Poopst hannert dem Steier a leeft schnell zeréck bei säi Motorrad hëlt säi Funk a verlaangt dréngent mat sengem Chef ze schwätzen. "Chef, wat soll ech maachen, ech hunn elo grad eng Limousine geblëtzt mat 150 kmh matten um bd d’Avranche?"

De Chef : "Wat ass dat eng Fro, direkt verhaften, natierlech!"
De Polizist : "Ech mengen dat ass awer keng gutt Iddi, d'Insassen sinn zimlech wichteg."
De Chef: "Ganz Wurscht wéi wichteg, wann ee mat 150 erwëscht gëtt muss ee festgeholl ginn!"
"Nee, ech menge WIERKLECH wichteg!", seet de Polizist.
Chef: "Ma, wee sëtzt dann am Auto? De Bettel ?" "Nee!", de Polizist. "Vill,vill méi wichteg!"
"de Juncker?"
"Nee, nach vill méi wichteg".
"Bon, ween ass et dann?"
"Also, ech mengen, et muss den Härgott sinn!"
"Wéi kënns de dann dorop?"
"Ma, de Poopst ass de Chauffeur!"






radio diddeleng=Radio Dudelange=Radio Diddeleng=radio dudelange=103.6 FM

musique 24/24, votre radio, äre Radio, rock, blues, rock'n roll, jazz, agenda, culture, Kultur, hit, hits, lëtzebuerger Musek, Musek, funk, pop, Musique populaire, Fado, top musique, dance mix, Radiodiddeleng, Radio Dudelange, radiodudelange, fréquence modulée, 103.6 FM, votre radio préférée, dance floor, hip hop, rap, DJ mixe, Dj mixes, dj, la radio à la musique de tous les goûts