Presentatioun

Radio Diddeleng ass eng ASBL mam But ze informéieren an ze ënnerhalen.


Eis Equipe

Talentéiert, ënnerschiddlech an hirer Zesummesetzung  a vereent  duerch hiren Enthusiasmus, besteet eis Equipe ausschliisslech aus fräiwëllege Mataarbechter.

Déi villfälteg Funktiounen déi am Radio ze erfëlle sinn erlabe jiddwerengem seng Kompetenzen a Motivatiounen anzebréngen.


Historique

Radio Diddeleng ASBL ass 1992 duerch e puer idealistesch Privatleit gegrënnt ginn  déi voller Enthusiasmus ware fir Radio ze maachen.

Vun der éischter Stonn u sinn d'Emissiounen aus dem Studio den an engem Privathaus an der Bannentstrooss installéiert war 24/24 Stonnen op der Frequenz 103.9 iwwerdroe ginn.

1994 huet de Radio seng Dieren an den Aale Pompjeeslokaler hannert der Gemeng opgemaach.

1996 ass d'Frequenz vu Radio Diddeleng offiziell op 103.6 geännert ginn.

Zanter hier ass de Radio gewuess an Animateuren aus allen Altersklassen hunn hier Emissioune proposéiert. Huele mer just e puer Beispiller:  "Happy Hour", "Show-Time", "On Air", an eng Abberzuel vun aner Emissiounen déi vu Jonken an och vill manner jonken animéiert goufen.

Erënnere mer eis un den Här Jos Weirich mat senger Emissioun "Die Kriegsjahre 1940-1945 oder awer den Här Nic Daubenfeld deen et fäerdeg bruecht huet mat sengem "Düdelinger Allerlei" onvergiesslech Diddelenger Anekdoten ze verzielen.

Net ze vergiessen d'Emissioune vun der portugisescher Communautéit vun Diddeleng. Hir Emissioune woren all déi Joer e fundamentale Pilier fir de Radio, mat interessanten, informativen a kreative Programmer.


Et wor 2007 wou déi Responsabel vum Radio Diddeleng decidéiert hunn fir d'Studioen an déi gesamt Technik vum Radio ze moderniséieren.

No 2 Joer Aarbecht a mat vill Ënnerstëtzung vun der Diddelenger Gemeng an dem Syndicat d'Initiative vun Diddeleng konnt och dës Aufgab gemeeschtert ginn, an den 13. Februar 2009 war Porte-Ouverte an offiziell Aweiung vun den neie Studioen.

 

radio diddeleng=Radio Dudelange=Radio Diddeleng=radio dudelange=103.6 FM

musique 24/24, votre radio, äre Radio, rock, blues, rock'n roll, jazz, agenda, culture, Kultur, hit, hits, lëtzebuerger Musek, Musek, funk, pop, Musique populaire, Fado, top musique, dance mix, Radiodiddeleng, Radio Dudelange, radiodudelange, fréquence modulée, 103.6 FM, votre radio préférée, dance floor, hip hop, rap, DJ mixe, Dj mixes, dj, la radio à la musique de tous les goûts