Nei CD‼️ ARTIST FOR ARTISTS🎄CHRISTMAS DOHEEM

NEW CD‼️ ARTIST FOR ARTISTS 🎄CHRISTMAS DOHEEM🎄 👉Op d'Foto kliken👈

- Lockdown Edition - Artists, with so many other great acts based in Luxembourg, including Kid Colling's Blues Radio, Lata Gouveia, Kinga Radics, Steven Pitman, Fred Barreto, Stephany Ortega, Gregório Entringer de Carvalho, Christophe Reitz, Cheyenne Janas Music, Sascha Ley and Sarah Kertz!

👉You can pick up this CD in any Cactus or Hobbi in Luxembourg MyCactus Luxembourg👈

This project is to help us artists make up for all the cancelled gigs and lost work due to Covid-19... and to spread some much needed Christmas Spirit!

 

🎄Thanks for your support!🎄

 

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


Blues Club Letzebuerg - Compilation Vol. 1 - Nov. 2020

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


Daniel Balthasar - The Long Lost Art Of Getting Lost - 2020

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


TUYS

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


The last barrel - heavy petrol - Apr. 2020

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


“Another Flame” Go By Brooks album on CD 2018

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


kid coling - IN THE DEVIL'S COURT (2017)

 Fir  méi Informatiounen op d'Foto kliken


Heavy Petrol  - Petrol TRAIN    release 26/05/2017

 D'Band Heavy Petrol ass 2011 gegrënnt ginn. Déi 5 Museker sinn zesumme komm fir Blues ze spillen.

2012 hunn se hier éischt Demo mat 7 Lidder am Studio vun der Rockhal opgeholl. Op där Demo fanne mer  (Days Like This,  I Don't Believe, Walking Blues, Crossroads, You Upset Me  Baby, Guitar Man an Hands off ).

 2013 hunn Heavy Petrol fir Lëtzebuerg um "European Blues Challenge" zu Toulouse deel geholl. 

Säit dem Wiessel vum Batteur an engem vun de Gittaristen kléngt d'Band Heavy Petrol an hirem Genre elo méi rockeg wéi fréierDe Genre deen Heavy Petrol haut spillen ass ganz eendeiteg dem Blues-Rock zou ze uerdnen.

De Sänger Woody Bruns kenne mer och schonn aus där Zäit vum Groupe Clanrock, hien huet d'Bühn voll am Grëff.

Och de Gigi Felten, de Gittarist ass keen onbeschriwwent Blat méiDe fréiere Member vun der Mat Dawson Band, inspiréiert d'Musek mat sengem aussergewéinleche Sound.

De Bassist, Dan Kries,  ass jidderengem beschtens bekannt schonn als Bassist bei Nazz Nazz, bei Bandit's 

a bei Gang & Sophillis. De jonke Batteur, Dan Juchem, huet säi Wee am Blues fonnt. Fir d'Touche final vum haitege Heavy Petrol's Sound suergt de Gittarist Steve Richer mat senge rockege Riffs.

D'lescht Joer huet d'Elise Nunes sech der Band ugeschloss fir verschidde Lidder ze interpretéieren an zesummen mam Woody d'Texter auszeschaffen.

Dobäi eraus kumm hire neisten CD "Petrol Train", deen se de 26. Mee 2017 an der Kufa zu Esch live virstellen

Selbstverständlech kënnt der um 103,6 FM och schonn an dat neit Wierk eralauschteren esou ze soen als Virgeschmach op de Concert vum 26. Mee op dee mer eis elo scho freeën.

 

E gudden Tip fir d'Fans vum Blues a vum Rock ! 

deen neien CD- PETROL TRAIN kritt der um Concert ze kafen.                                  (ET. RD 103.6 FM, 5.5.2017)


Infinite - Deep Purple (07/04/2017)

Ech ginn et zou: nom leschten Deep Purple Album "Now What" war ech der Meenung dass di Häre Gillan, Paice,
Glover, Morse an
Airey mat dësem Album géifen Äddi soen. Mee schonn op hirer uschléissender Tournée hunn ech meng Meenung misse revidéieren. Déi Tournée war net als leschten Tour vun Deep Purple ugekënnegt an op der Bühn huet en och keng midd Museker gesinn. No der Ukënnegung dass et e weideren Album géif gi steet elo "Infinite" seit dem 07/04 an de Butteker an et gesäit aus ewéi wann dësen Album "Now What" géif iwwertreffen.
2013 hat
ech "Now What" , vläicht och aus nostalgesche Grënn, 9 vun 10 Punkte ginn. Haut ass et vläicht 1 Punkt manner awer duerchschnëttlech oder esouguer schlecht ass den Disk net. Dat selwecht gëllt fir "Infinite" dee sech an déi groussaarteg Verëffentlechunge vun DP areit
Sécher, den Ian Gillan vermeit déi ganz héich Téin, mee dofir sengt deen 72-järegen haut méi relax ewéi fréier a weist esou eng aner Säit vu senger Stëmm. Déi ass iwwregens ëmmer nach méi kraftvoll ewéi dat bei maneschem jonke Spunt de Fall ass.
Dat weist och den Opener "Time for Bedlam" wou am Verglach mam Virgänger eng Schëpp Kuelen zougeluecht gouf. An dat steet DP och gutt zu Gesiicht a fënnt erfreelecherweis och seng Fortsetung am Stéck "Hip Boots" an och spéider an "Johnys Band" an "Top of the World" déi mat feine Gitarrkläng iwwerzeege kënnen. An dozou spillt de Steve Morse seng Solien a Licks labber aus der Hëft. Hien passt sech nees perfekt un de Bandsound un an huet e feint Gespier wéini et ubruecht ass sech an de Virdergrond ze stellen oder awer "Bandkonform " ze spillen. Dat selwecht gëllt fir de Keyborder Don Airey. Déi 2 spillen sech d'Bäll zou wéi wann se an hirem Liewen näischt anescht gemaach hätten. Net ganz esou kulteg awer musikalesch op engem Niveau mat Blackmore/Lord. “All I Got Is You" ass nees op der Linn vum Virgänger-Album a kënnt vëlleg entspaant aus de Boxen.
“One Night In Vegas” an “Get Me Outta Here”
grooven, hunn awer och eng gewëssen Häert.

 

Et ass schéin ze spieren dass Deep Purple och bei hirem 20. Studioalbum nach Spaass a Freed un der Saach hunn an esou "Infinite" vill verschidde Facette ginn.
Ausfäll si keng ze héieren. Dofir sinn e puer Reminiszenzen un déi 70er op "Infinite" verschafft, wéi beispillsweis bei "The Surprising", an dat däerft och d'Fans vun deenen ale Placke freeën
Ass Infinite
elo de beschten Album säit 1987?
Am
groussen a ganzen hunn DP e staarken Album virgeluecht deen sech labber mat sengem direkte Virgänger moosse kann a e wahrscheinlech esouguer iwwertrëfftDëse vill méi rockegen Album muss een e puermol lauschtere fir all déi verschidde Facetten ze entdecken.
"Infinite” 
ka vläicht esouguer de beschten Deep Purple Album säit “The House Of Blue Light” ginn. Mee dat wäert d'Zäit weisen. Fir de Moment freeë mer eis doriwwer dass déi Hären et nach drop hunn.

(NITRI RD.103.6 FM, 8.4.2017)


Presence of Absence

Den neien Album vum Daniel Balthasar

(release 24/03/2017)

Dem Daniel Balthasar säin neiste Projet a 6ten Album säit 2003 ass fäerdeg. 3 Joer huet de Lëtzebuerger Singer- Songwriter, Daniel Balthasar, sech Zäit geholl fir dëse méi komplexe Projet "Presence of Absence" ze schreiwen an ze realiséieren. Am Géigesaz zu senger Virgänger EP " The World is a Mess" déi 2015 erauskumm a gréissten Deels aus akustesche Stécker besteet, ass den Album "Presence of Absence" zesumme mat der ganzer Band opgeholl ginn, wat de Lidder eng aner Energie verleet. Ausserdeem gouf den Daniel Balthasar an seng Band bei 5 vun deene 12 Lidder vun engem groussen Geien-Ensembel vu 14 Museker begleet. Mat dësem neien Album beweist den Daniel Balthasar op en neits säi facetteräicht Talent als Lidderschreiwer. Déi 12 Lidder variéieren am Genre tëscht "Straight-Rock", méi doucen, fragillen Lidder oder och nach Beatles inspiréierte Melodien an Harmonien. Den Daniel Bathasar huet nach ëmmer ganz vill Wäert op d'Produktioun an d'Opname vun sengen Albë geluecht. "Presence of Absence" ass vum Sound-Ingenieur Werner Pensaert opgeholl a gemixt a vum 3fache Grammy-Gewënner Darcy Proper gemastered ginn. Mat deem excellente Resultat, dass Presence of Absence op Super Audio-CD esouwoul am Stereo wéi am Surround-Sound perfekt eraus kënnt.

 

Am aller beschten dir iwwerzeecht Iech selwer. Den Daniel Balthasar stellt säin neien Album  “Presence of Absence” de 24. März op der Luxexpo "The Box" am Kader vum Release Festival um Springbreak vir.

 

A bei Radio Diddeleng kritt der elo schonn e klenge Virgeschmaach, déi zweet Single “Something Worth” héier der regelméisseg um 103.6 FM. 

(ET.103.6 FM, 14.03.2017)

 

Virbestellungen fir den Album kënnt der iwwer dëse Link maachen. 



Maach de Radio un!                                   seet den Enrique Iglesias

Den Enrique Iglesias bréngt zesumme mat sengem Frënd Descemer Bueno an dem puerto-ricaneschen Duo Zion & Lennox den neien Track "Súbeme la Radio" eraus. Virun e puer Wochen war de spueneschen Sänger an Songwriter Enrique Iglesias fir d'eischte Kéier a Kuba fir do de neien Musekvideo opzehuelen. Op beandrockende Platzen an der Alstad vun Havanna sinn esou flott Opnahmen fir de Video zu der Single „Súbeme la Radio“ entstanen , déi den 24. Februar erauskomm ass.


Den neien Thunder Album „Rip It Up“

Virgestallt gëtt Rip It UP an der Sendung BCC Rock a regelméisseg am Programm vun R.D. 103.6 FM.

Den 10. Februar 2017 erauskomm:

Den neien Thunder Album „Rip It Up“

 

Op hirem 11. Studio-album fanne mer 11 nei Lidder déi de Beweis erbrengen dass dës Band sech ëmmer nees zu neien Héchstleeschtungen undreift.

Wéi den Titel "Rip It Up" scho seet, zerräissen sech den Danny Bowes, Luke Morley, Ben Matthew, Chris Childs an ‘Harry’ James, scho bal aus musikalescher, lyrescher a kreativer Siicht fir un hiren Top 10 Erfolleg "Wonder Days" unzeschléissen.

 

De Frontmann Danny bréngt et op de Punkt, andeems hien de kreative Prozess vum Album esou beschreift:

No deene ville positive Reaktioune vun "Wonder Days" ware mer euphoresch. Mir hunn decidéiert eis dës Kéier nach méi wäit un de Limitt ze woen, fir ze kucke wat passéiert. An ech denken et héiert een och genee Dat am Songwriting an an deenen eenzele Performancen. Virun 10 odr 5 Joer wäre mer nach net gutt genuch gewiescht fir esou een Album ze maachen. An elo free mir eis drop déi nei Melodien nieft deenen ale bekannte life ze presentéieren. 

Fans brauchen och net laang ze waarden. Sie fänken am Mäerz hier UK-Tour un. Se komme leider net op Lëtzebuerg a wann e se wëllt gesinn a lauschteren da kann een dat just an Däitschland maachen. Infoen an Tickete gëtt et op der Band-Website.

„Rip It Up“ kënnt no bal elo 3 Joerzéngte Bandgeschicht eraus. 27 Joer no deenen déi meescht Grouss hire Zenit iwwerschratt hunn, iwwerraschen Thunder mat engem prall gefëllte Pak Melodien, wonnerbaren Texter - also engem Bensinskanister mat Fixfeieschkëscht dobäi.

Mat dem Titelsong liwwert d'Band eng richteg Brandbomm of, an ee Rockhummer mat "She likes The Cocain. Mat "Right From The Start" huelen se den Tempo e bëssen eraus awer verschäerfen dofir d'Intensitéit. Mat Blues gefierfter Melancholie schléisst den Album of an hei weist sech dass dës Band op hirer Erfollegswell an déi nächste Ronn geet.

No engem Summer 2016 mat groussaartegen Optrëtter beim „Ramblin’ Man“ an dem „Steelhouse Festival“, weess dëse Quintett de Publikum mat hirer Setlëscht ze begeeschteren.

Den Titeltrack ‘Rip It Up" ass méi wéi nëmmen en aktuelle Rock-Song. Et ass villméi eng Absichtserklärung. Dat ganzt huet eng gewëssen Déift wann den Danny sengt: “Don’t do subtle, don’t rely on luck”. Thunder hunn nach ni sou nodenklech an decidéiert geklongen an obwuel den Album un hiren Debut uknäppt ass dëse musikaleschen Éiergäiz och mat engem Risiko verbonnen. An dat ass ganz am Sënn vun Thunder, well den einfache Wee ka jidderee goen.

Säit hirem Debut 1989 hu sech déi Londoner am Vereenegte Kinnekräich als eng bestänneg Rockattraktioun etabléiert a mat ongeféier 20 Top 50 Singles, 2 Goldalben an enger wuelverdéngter Reputatioun als perfekt Live-Interpreten een däitleche Foussofdrock an der Rockgeschicht hannerlooss. Hire Sound ass en éiwecht Verschmëlze vun onvergiessleche Melodien a purer Rock-Power.

 

„Rip It Up“ ass e wëllkommenen Zouwuess fir den Thunder-Katalog awer virun allem e gewaltege Schrëtt no fir. Dës Band huet den Dréi eraus fir Steenhaart Rock-Klassiker ze bastelen ouni sech un d'Léierbuch ze halen..... ‚Rip It Up‘ – op Lëtzebuergesch "Zerfatz et" passt hei nëmmen ze gutt.

 

TRACKLËSCHT

No One Gets Out Alive / Rip It Up / She Likes The Cocaine / Right From The Start / Shakedown / Heartbreak Hurricane / In Another Life / The Chosen One / The Enemy Inside / Tumbling Down / There’s Always A Loser

 

THUNDER – TOUR 2017:

18.04.2017 Munich – Backstage

20.04.2017 Stuttgart – LKA

21.04.2017 Memmingen – Kaminwerk

22.04.2017 Aschaffenburg – Colos-Saal

24.04.2017 Bochum – Zeche


"Vagabonds"

Dream Catcher

 

D'Band Dream Catcher, ob als Trio, Quartett, oder Sextettbesetzung, déi  1997/1998 gegrënnt ginn ass an deemno geschwënn hiren 20te Jubilä-um feiere kann, zielen zu den "alen Huesen" am Museks-Pop-Business.

 

 Mee, eigentlech geet déi Erfollegs-

geschicht fir d'Band jo nach e bëssche méi wäit zeréck. Schonn an de fréie

90-zeger Joer hat de Frontmann John Rech eng dynamesch Pop-a Rock-combo T42 gegrënnt, déi zu Lëtzebuerg och scho Kultstatus erreecht huet.

 

Mat hirem zweete Projet Dream Catcher no der T42-Ära setzen se nach méi

Glanzliichter um Pop Stärenhimmel: D'Dream Catcher sinn, wéi mer et hei zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, multilingual a multikulturell. Hir Lidder sinn emol op lëtzebuergesch, op franséisch, op englesch an op däitsch.

 

Op déi Manéier bréngen se déi beschten Aflëss aus der Pop- a Folk-Musek vun Dublin bis Diddeleng zesummen. 

 

Ugefaange huet et mat hirer Debut-Ep "Happy In My Tree House", e Klassiker op eise Programmen hei zu Lëtzebuerg. Erënnere mer eis 2003 un den Hit "Deng Hand" zu Gonschten vum Télévie. "Sunny Days" a "When We Were Young" si weider Chartbreaker, déi sech an den ieweschte Reien vun den Charts placéiert hunn.

 

Gefrote Museker eben, mat Krediter déi vun Sting iwwer Alanis Morisette bis zu Bon Jovi reechen. Net ze vergiessen d'Kollaboratiounen mam Singer/Songwriter 

Ezio vu Cambridge, der irescher Folkband Beoga souwéi dem Lëtzebuerger Top-Jazz Museker Pascal Schumacher. 

 

No där kuerzer Paus, bedéngt duerch d'Jubiläumsfeier, déi den John Rech an senger Missioun als Kulturbeobtragten vun der Stad Diddeleng virbereet huet, huet d'Band Dream Catcher mam Gittarist Christoph Brill eng nei Richtung ageschloen.

 

Zu deem neie pakende Bandsound an senger aktueller Form dréit ausserdeem dem Wolfgang Wehner säin dynamesche Schwong op der Fiddel mat bäi. Och dem Eric Falchero säi flénken Tastegrëff um Piano an um Akkordeon ass onverkennbar. An dee beschwéngte Rhythmus liwweren de Bassist Claude Zeimes an de Steve Krippler op der Batterie.

 

Mëttlerweil huet d'Carrière vun den Dream Catcher aus deem klenge Lëtzebuerg awer richteg kosmopolitesch Zich ugeholl. Iwwer déi lescht Joren hunn se d'Bühnen a Kanada, den USA, Japan, Singapur a selbstverständlech iwwerall an Europa eruewert. Do passt den Titel vun hirem rezentsten Album "VAGABONDS" dach genau richteg. Mat deene 12 Lidder weisen Dream Catcher wéi villsäiteg hire Repertoire ass a wéi gekonnt de jonken iresche Produzent Sean Graham um Pult dat gesamt Wierk zu engem flotten, dynameschen, richteg gutt kléngende 

Päckelchen zesumme gebonnen huet.

 

Dovun sollt een sech wierklech selwer iwwerzeegen. Den CD "Vagabonds" ass säit November 2016 esouwuel digital wéi als CD am Handel. Zwou vun deene Plazen, iwwer déi der den CD bezéien kënnt, fann der och hei :

Extraiten aus dem CD "Vagabonds" kënnt der selbstverständlech och regelméisseg um 103.6 FM bei Radio Diddeleng héieren.


Kelly Decker & Thierry Mersch

"Broken Love"

 

De Wanter geet sou lues zu Enn. D'Zäit fir Emotiounen ze verschaffen.

Egal a wellechem Alter, Bezéiungen kënnen och hei an's do emol an d'Bréch goen. Wéi schwéier a 

schmäerzhaft dat ka sinn, beschreift 

d'Ballade "Broken Love".

Zesumme mat senger Duett-Partnerin Kelly Decker ass e Lidd 

voller Emotiounen  entstanen.

D'Mëschung aus engem gelongenen Arrangement, dezent, awer present veraarbechten Instrumenter a mat deene 2 fantastesche Stëmmen vum 

Kelly Decker an dem Thierry Mersch ass et dem Produzent  Jonathan 

Reichling gelongen eng vun senge schéinste Balladen ze realiséieren.

 

Och de Video huet et a sech. Hei gëtt d'Geschicht vum Lidd perfekt an d'Zeen gesat. 

Den Duett war en Dram vun eis, mir wollten ëmmer schonn e Lidd zesumme schreiwen a sangen, erklären déi zwee Kënschtler.

 

Déi 17 Joer al Kelly Decker ass de Moment aktiv bei der 14. Staffel vun DSDS, a war ganz gespaant op dem Pop-Titan Dieter Bohlen säi Feedback. 

Deen Dram fir bei DSDS deel ze huelen wollt ech mer ëmmer schonn erfëllen, ech wollt wëssen wat den Dieter Bohlen vu menger Stëmm hält. 

 

Dem Dieter Bohlen säin Uerteel war grandios. Mat esou vill Luef hat d'Kelly 

Decker, dann dach guer net gerechent. Déi 4 Memberen vun der Jury aus der 14. Staffel vun DSDS hunn hiert Talent ganz kräfteg gelueft.

"Dat war e geniaalt Gefill, esou Komplimenter vum Dierter Bohlen ze 

kréien", schwäermt d'Kelly Decker.

 

„Du hues esou eng kloer Stëmm, et lauschtert een dir gäre no“, huet den HP Baxter dem Kelly säin Optrëtt gefeiert.

„Du hues d' Lat ganz schéin héich geluecht, grousst Kompliment“, dat waren dem Dieter Bohlen seng Wieder nom Optrëtt vum Kelly Decker.

 

Frou a stralend mam Recall-Ziedel an der Hand ass d'Kelly aus de Studioen vu Köln eraus gaangen. 

A wéi et elo weider geet... gi mer dann am Recall gewuer!

 

Den Thierry Mersch schafft ganz fläisseg un sengem neien Album.

Am Oktober 2017 däerfe mer eis drop freeën. 

Dëst gëtt dee perséinlechsten Album deen ech jee geschriwwen hunn, well ech dës Kéier vill matwierke konnt, freet sech de Museker, Schauspiller an Extremsportler iwwer säin neit Wierk.

 

Iwwer déi lescht 2 Joer huet een den Thierry Mersch jo éischter an Duoen gesinn an héieren. Mat "Shout it Out" zesumme mam Isaac Roosevelt ass em esou guer an Däitschland e klengen Radiohit gelongen.

 

Mat "Hold On To Our Dream" huet en zesumme mat senger Duett-Partnerin Patricia Venancio seng Léift zu senger Heemecht Heinerscheid besongen. 

 

D'Kelly Decker an den Thierry Mersch sinn zwar vun hirem Wiesen a vum Alter hir esou ënnerschiddlech, awer an hirer Musek geléngt et hinnen zesummen fir Héngerhaut ze suergen.

 

 D'Lidd "Broken Love" ass vum 27/01/2017 un am digitalen Handel ze kréien

a bei Radio Diddeleng op 103.6 FM regelméisseg am Programm ze héieren.


Michel Polnareff op Tournée 2015 - 2016  

zu Amnéville


Den neien Album vun Roxette

Foto: dpa / Henning Kaiser

 

D'Roxette Fans waren erféiert.

Den 18 Abrëll huet de Pop-Duo seng Welttournée ofgesot. 

Dokteren haten der Sängerin Marie Fredriksson vum Tourliewen ofgerode fir hier Gesondheet ze schounen. Schonn 2002 haten Dokteren en Gehirtumor bei hier festgestallt. Dësen Tumor konnt zwar behandelt ginn, mee esou ganz ouni Spuren ass déi Behandlung un der haut 58 järeger och net laanschtgaangen.

Trotz deene ville Schwieregkeeten ass den 3 Juni den neien Album vu Roxette mat dem positiven Titel "Good Karma" eraus komm.

De Gittarist Per Gessle sot der Press: Et ass net geplangt dat eisen aktuellen neien Album och de leschte soll sinn. D'Marie huet zwar opgehale Concerten ze spillen, mee dat bedeit jo net dass mir ophalen zesummen ze schaffen.

 

An hei ass déi nei Single:


Mindless 

Eng lëtzebuerger Rock Band.

2012 ass Mindless Anger mat 4 Bandmemberen gegrënnt ginn :

Marc Schartz           vocals

Jerry Bernar             guitar

Nadine Bernar         bass

Luc Thinnes             drums

Säit deem prouwen a feilen si un eegene Stécker a mëschen awer och alt emol eng flott gemaachte Cover- Versioun vu bekannte rockegen Ouerwierm der tëscht.

Säit dem Oktober 2014 rockt d'Carmen Lampertz an der Platz vum Marc Schartz um Micro.

Haut nennen si sech kuerz Mindless.

De 16. Abrëll gëtt de Buedem beim Hollänner zu Wickreng gerockt , si stellen hir nei EP-Wonderful Thing vir. Dat sollt der op kee Fall verpassen.

Eisen CD-TIPP, e klenge Virgeschmaach op de Concert an op d'CD kritt der vun haut un bei Radio Diddeleng op 103.6 FM.         (13/4/2016)


Eng nei lëtzebuerger Post Grunge Rock Band

"ALIEN PITCH CAT"

Den 19/3/2016 hunn se hir éischt CD am Plain Vanilla virgestallt.

Mat enger éischt klassescher rockeger Performance hunn se an deem prall gefëllte Sall hiert Publikum am Handëmdréien an hire Bann gezunn.

Alien Pitch Cat schreiwen hir Lidder all selwer. D'Band Alien Pitch Cat huet domat e ganz eegene Stil entwéckelt ouni op d'Eleganz an d'Ästhetik vum gutt bewäerten Grunge Rock ze verzichten.

Eng Band mat vill Iddiën an engem héijen Erëmerkennungswäert, vun deene mer sécher nach vill wäerten héieren.

Eliane Radio Diddeleng                                                

 

Hiren éischten CD "Neobiota" kënnt der iwwer dëse Link kafen : http://www.alienpitchcat.de/shop/

 

 


dës Woch 20.12 - 26.12.2015  -    CD Neivirstellung

alles ronderëm den Album "Happy Day" vum Isaac Roosevelt a villes méi an der Sendung "Soundcheck" bei R.D. ze lauschteren.

 

 


Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen !

De Michel Lentz an de Serge Tonnar fir den interkulturellen Austausch:


Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen ass dat neit Lidd vum Serge Tonnar. D’Textzeil staamt aus dem Lidd "de Feierwon" wat de Michel Lentz 1859 geschriwwen hat. Aus deem jo och de Lëtzebuerger hier national Devis “Mir wëlle bleiwe wat mer sinn” kënnt. De Serge Tonnar huet den Text esou ëmgeschriwwen, dass aus deem a sech dach national patrioteschen Text e Wëllkommenslidd entsteht, mat deem hien de Wonsch no interkulturellem Austausch ausdréckt.

Grad elo a genau mat deene Leit déi elo an aller nächster Zukunft bei eis internationale Schutz siche komme, well se bei sech einfach keen Doheem méi hunn.

D’Hallschecht vum Erléis vum Lidd “Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen” geet un d’ONG mam selwechten Numm, déi de Serge Tonnar gegrënnt huet fir den interkulturellen Dialog unzedreiwen an ze förderen. Dat heescht: - Kommt mir weisen Iech eis Kultur an da weist dir eis är!

Fir dëst ze realiséieren huet den Serge Tonnar zesummen mam Rita Neu, dem Sabine Tonnar an dem Misch Donven e Programm op d’Been gestallt fir innerhalb vun deene verschiddene Flüchtlingszenteren, zesumme mat der lokaler Populatioun a mat de Flüchtlinge kulturell Manifestatiounen a Workshoppen ze organiséieren.


"Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen" héiert der bei Radio Diddeleng um 103.6 FM

Fir d'Lidd ze kafen an domat och d'ONG ze ënnerstëtzen, klickt einfach op de Logo mat deene 4 Kreesser hei ënnen drënner :


 

CHAKAS

beweisen dass Lëtzebuerg groussaarteg talentéiert jonk Kënschtler huet.

Am November 2012 gouf d'Grupp CHAKAS gegrënnt, an enger Kooperatioun tëscht

SLANG Music, der Staat Lëtzebuerg an dem LCTO ass d'Iddi gebuer fir d'Ofschlossfeier

vum Nikloscortège um Knuedler net nëmmen mat enger cooler Band d'Festlechkeeten

ofzeschléissen mee fir och ganz jonk Leit an dat Konzept mat anzebannen.

Esou koum et dunn dass de Museker, Sänger a Produzent vun Exemo de Jonathan Reichling

zesummen mam Sacha Lang dëst Konzept vun enger neier Teenie-Band hei zu Lëtzebuerg

an d'Liewe geruff hunn.

A säit deem beweisen d'Chakas esouwuel live op der Bühn wéi och am Studio,

dass si all en immenst Talent hunn.

Eisen CD Tip bei R.D.: “TOGETHER”

den neien CD vun de CHAKAS

  • Lauschteren kënnt der en bei Radio Diddeleng um 103.6 FM

 

 

Mir stellen den CD “TOGETHER” vum  9/7/2015 un vir.

                              Chakas live héieren a gesinn : -12.07.2015 – zu Mondorf

                                                                                 - 18.07.2015 – zu Remich  an

                                                                                             - 25.07.2015 – 24 Stonnen Velo  zu Wëntger


TUYS, eis Diddelenger Band, sinn no enger kuerzer Paus nees do.

Am Abrëll 2015 ass hier nei EP "Carousel" eraus komm. Bestelle kënnt der se direkt um Site vun der Band http://www.tuys.lu/

 

  •  

 

 

Video-Clip vun LAPISLAZULI - "RENEGADE LOVE"

De Song ass Deel vun der CD "Changing Colors"

Den CD Changing Colors kënnt der iwwer dëse Link kafen: 

http://multimediart.lu/index.php?c=cdstore&id=507

De WebSite vun Lapislazuli

radio diddeleng=Radio Dudelange=Radio Diddeleng=radio dudelange=103.6 FM

musique 24/24, votre radio, äre Radio, rock, blues, rock'n roll, jazz, agenda, culture, Kultur, hit, hits, lëtzebuerger Musek, Musek, funk, pop, Musique populaire, Fado, top musique, dance mix, Radiodiddeleng, Radio Dudelange, radiodudelange, fréquence modulée, 103.6 FM, votre radio préférée, dance floor, hip hop, rap, DJ mixe, Dj mixes, dj, la radio à la musique de tous les goûts